Kalender

Den 1. LOF Oldtimer Breakfast fir d’Saison 2019 ass zesummen mat eisem Sponsor ‘Pavillon am Brill’ zu Mamer am Park,
Sonndes, den 21/04/2019 vun 9 bis 12 Auer.
De Parking gëtt ausgeschëldert.
Wëllkomm sinn all historesch Gefierer ab 25 Joer (Auto, Moto, Trakter, Bus, Militärgefier…), ob Member vun der LOF oder net.
Kommt also laanscht op e Kaffi, e Croissant an e puer flott Gespréicher mat Gläichgesënnten.

Wir sind Schüler des Schengen-Lyzeums Perl der Klassenstufe 11G. Im Rahmen unseres Seminarfaches organisieren wir voller Vorfreude eine Oldtimerveranstaltung unter dem Namen „Cult Car Convention“.
Auf dem Gelände des Deutsch-Luxemburgischen Schengen-Lyzeums in Perl


Den 2. LOF Oldtimer Breakfast fir d’Saison 2019 ass zesummen mat eisem Sponsor ‘Golf & Country Club Christnach’ bei Geleeënheet vun hirem Event ‘Oldtimer meets Golf’,
Sonndes, den 19/05/2019 vun 9 bis 12 Auer.
De Accès gëtt ausgeschëldert.
Wëllkomm sinn all historesch Gefierer ab 25 Joer (Auto, Moto, Trakter, Bus, Militärgefier…), ob Member vun der LOF oder net.
Kommt also laanscht op e Kaffi, e Croissant an e puer flott Gespréicher mat Gläichgesënnten.
Den Golf Club invitéiert vun 9 bis 12 Auer op Kaffi + Croissant. Duerno ass jiddereen wëllkomm fir de ganzen Dag um ‘Oldtimer meets Golf’ mat flottem Programm deel ze huelen.
Mir géingen eis freeën, wann der dësen Event op ärer FB-Säit géint deelen a wann der är FB-Frënn géint invitéieren.

Zesumme mat de Vintagefrënn vu Mondorf organiséiere mir Sonndes den 9ten Juni e Vintagetreff. Op dësem Treff ass jidderee wëllkomm deen sai flotten alen Auto, Motorrad oder Traktor ausstelle wëll. Dat Ganzt wäert an engem éischter familiäre Kader zu Mondorf bei der Sportshal organiséiert ginn.
D’Participatioun ass nët mat Umellungskäschte verbonnen an de ganze Bénéfice deen op deem Dag duerch Iesse, Gedrénks asw généréiert gëtt, fléisst voll a ganz an der Fondation hier Projeten.
Mir freeën eis jiddereen ob mat oder ouni Auto de 9ten Juni zu Mondorf begréissen ze kënnen.

Den LOF Oldtimer Breakfast vun Juni ass zesummen mat eisem Sponsor Banque Raiffeisen zu Léideleng,.
Sonndes, den 16/06/2019 vun 9 bis 12 Auer.
De Parking gëtt ausgeschëldert.
Wëllkomm sinn all historesch Gefierer ab 25 Joer (Auto, Moto, Trakter, Bus, Militärgefier…), ob Member vun der LOF oder net.
Kommt also laanscht op e Kaffi, e Croissant an e puer flott Gespréicher mat Gläichgesënnten.



Oldtimermeeting organisé comme projet des élèves de la 11 ième 3GCM1 de ‘Ecole de commerce et de Gestion ECG, sur les parvis des lycées Aline Mayrisch et Michel Rodange, au profit d’une bonne oeuvre et avec le support de la Lëtzebuerger Oldtimer Féderatioun a.s.b.l.
Vente de grillades et boissons sur place. Animation musicale par les étudiants. Parking réservé !
(prenez l’entrée Boulevard Pierre Dupong)

De LOF Oldtimer Breakfast vum Juli gëtt organiséiert mat eisem Sponsor US-Cars Import Reisdorf, Sonndes, den 21. Juli 2019 vun 9:00 bis 12:00 hrs.
Adresse: 44, route de la Sûre L-9390 Reisdorf.
Kaffi a Croissant gi fir Oldtimerbesetzer offréiert, ma en Don an d’Spuerbëx fir e gudden Zweck ass häerzlech wëllkomm.
All klassesch Gefierer sinn wëllkomm: Autoen, Motoen, Trakteren, Militärgefierer, Bussen…. ob Member vun der LOF oder net.


Flott Concert’en, aal Trakteren, Spiller fir d’Kanner, fir Iessen an Gedrenks ass Beschtens gesuergt
Natiirlech sin niewt den ‚aalen‘ Trakteren och ‚aal‘ Auto‘en wellkomm. Dofir huelt ären Old- oder Youngtimer aus der Garage, an kommt den 11. August op d‘Huncherenger Kiermes. An, virwaat net, loosst en am Nomëtten och seenen. Schueden kann et net

De LOF Oldtimer Breakfast vum August 2019 ass zesummen mat eisem Sponsor ‘Imprimerie REKA’ zu Éilereng (Ehlerange):
Sonndes, den 18/08/2019 vun 9 bis 12 Auer.
De Parking gëtt ausgeschëldert.
Wëllkomm sinn all historesch Gefierer ab 25 Joer (Auto, Moto, Trakter, Bus, Militärgefier…), ob Member vun der LOF oder net.
Kommt also laanscht op e Kaffi, e Croissant an e puer flott Gespréicher mat Gläichgesënnten
.
Brunch entre enthousiastes de voitures historiques à partir de 11.00 hrs

Wat, wéini? Nom grousse Succès vun de leschte Joren organiséiert d’Lëtzebuerger Oldtimer Fedératioun asbl den 31. August 2019 , hiren 11 ten Oldtimertour fir den Télévie, mat Arrivée um Kiwanis History Vehicles zu Lasauvage. (www.history-vehicles.lu)
Wou ass den Depart, d’Arrivée? Wéi fuere mer? Genee wéi déi viregt Joer gëtt et kee gemeinsamen Depart a mer fueren och net an engem risege Cortège. Dir kënnt fortfuere wou Dir wëllt, alleng oder an enger méi oder manner grousser Grupp. Dir sollt just verschidde Kontrollpunkten, déi mer Iech matdeelen an déi uechter d’Land verdeelt sinn, ufueren. D’Reiefolleg an där Dir dat maacht an d’Streck déi Dir wielt ass Iech selwer iwwerlooss. Déi verschidde Kontrollpunkten fonctionnéiere vun 10:00 un bis 16:00, a wann Dir bei hinne stoe bleift, kritt Dir e Stempel an Är Kontrollkaart. D’Arrivée allerdéngs, ass tëschent 15:00 an 17:00 zu Lasauvage um um Kiwanis History Vehicles.
Wéivill kascht et? 15€ pro Gefier (Chauffeur inclus), an 10€ pro zousätzlechen Passagéier Selbstverständlech däerft Der och méi spenden, den Erléis geet un d’Actioun Télévie.
Wéi eng Gefierer därfe matfueren? Et ass en Oldtimertour, mä selbstverständlech sinn och eis Youngtimer häerzlech wëllkomm. Motorieder, Autoen, Militärgefierer, Pompjeesween, Trakteren, Camionen, Camionnetten an aner Maschinnen, d’ganz Panoplie vun historesche Gefierer soll op d’Strooss!
Wéi mellen ech mech un? Maacht einfach ären Virement, fëllt den Aschreiwungsformulaire aus a schëckt en bis spéidstents den 16.08.2019, entweder un folgend Adresse: LOF a.s.b.l. à l’attention de Agathe Rylow, 8 rue Charles Darwin L-1433 Luxembourg oder per Email op agathe.rylow@gmail.com . Spéidstens 3 Deeg virum Tour kritt där eng Rallyplaque gechëckt. De Formulaire ass och op www.lof.lu fir erofzelueden.
Wat muss ech matbréngen? Eventuell eng Landkaart an, op jidde Fall vill gutt Laun!









