Kalender

Wat, wéini? Nom grousse Succès vun de leschte Joren organiséiert d’Lëtzebuerger Oldtimer Fedératioun asbl den 31. August 2019 , hiren 11 ten Oldtimertour fir den Télévie, mat Arrivée um Kiwanis History Vehicles zu Lasauvage. (www.history-vehicles.lu)
Wou ass den Depart, d’Arrivée? Wéi fuere mer? Genee wéi déi viregt Joer gëtt et kee gemeinsamen Depart a mer fueren och net an engem risege Cortège. Dir kënnt fortfuere wou Dir wëllt, alleng oder an enger méi oder manner grousser Grupp. Dir sollt just verschidde Kontrollpunkten, déi mer Iech matdeelen an déi uechter d’Land verdeelt sinn, ufueren. D’Reiefolleg an där Dir dat maacht an d’Streck déi Dir wielt ass Iech selwer iwwerlooss. Déi verschidde Kontrollpunkten fonctionnéiere vun 10:00 un bis 16:00, a wann Dir bei hinne stoe bleift, kritt Dir e Stempel an Är Kontrollkaart. D’Arrivée allerdéngs, ass tëschent 15:00 an 17:00 zu Lasauvage um um Kiwanis History Vehicles.
Wéivill kascht et? 15€ pro Gefier (Chauffeur inclus), an 10€ pro zousätzlechen Passagéier Selbstverständlech däerft Der och méi spenden, den Erléis geet un d’Actioun Télévie.
Wéi eng Gefierer därfe matfueren? Et ass en Oldtimertour, mä selbstverständlech sinn och eis Youngtimer häerzlech wëllkomm. Motorieder, Autoen, Militärgefierer, Pompjeesween, Trakteren, Camionen, Camionnetten an aner Maschinnen, d’ganz Panoplie vun historesche Gefierer soll op d’Strooss!
Wéi mellen ech mech un? Maacht einfach ären Virement, fëllt den Aschreiwungsformulaire aus a schëckt en bis spéidstents den 16.08.2019, entweder un folgend Adresse: LOF a.s.b.l. à l’attention de Agathe Rylow, 8 rue Charles Darwin L-1433 Luxembourg oder per Email op agathe.rylow@gmail.com . Spéidstens 3 Deeg virum Tour kritt där eng Rallyplaque gechëckt. De Formulaire ass och op www.lof.lu fir erofzelueden.
Wat muss ech matbréngen? Eventuell eng Landkaart an, op jidde Fall vill gutt Laun!


De LOF Oldtimer Breakfast vum 22. September ass Deel vum ‘Oldtimerday Luxembourg 2019’ a gëtt duerfir ausnamsweis zu engem Brunch !
Eise Sponsor ‘Oldtimerbus Georges Carbon’ invitéiert op säin super flotte Site zu Dummeldeng, Sonndes, den 22. September 2019 vun 9:00 bis 16:00 hrs. Adresse: 16A, rue de la Cimenterie, L-1337 Luxemburg.
Kaffi a Croissant gi fir Oldtimerbesetzer offréiert, ma en Don an d’Spuerbëx fir e gudden Zweck ass häerzlech wëllkomm.
Nom Breakfast geet et da weider mat Barbecue fir e gudden Zweck – zesumme mam Kiwanis Esch/Alzette.
All klassesch Gefierer sinn wëllkomm: Autoen, Motoen, Trakteren, Militärgefierer, Bussen…. ob Member vun der LOF oder net.






