LOF-Oldtimer Tour fir den Télévie

LOF-Oldtimer Tour fir den Télévie

Wat, wéini?

No dräi Joer Paus ass et endlech nees esou weit, d’Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun (A.s.b.l.) organiséiert de 5. August 2023 , hiren 13ten Oldtimer Tour fir den Télévie, mat Arrivée zu Stengefort um Vintage Cars & Bikes. (www.vintage-steinfort.lu)

Wou ass den Depart, d’Arrivée? Wéi fuere mer?

Genee wéi bei de viregten Editiounen, gëtt et kee gemeinsamen Depart a mer fueren och net an engem risege Cortège. Dir kënnt fortfuere wou Dir wëllt, eleng oder an enger méi oder manner grousser Grupp. Dir sollt just verschidde Kontrollpunkte, déi mer Iech nach matdeelen an déi uechter d’Land verdeelt sinn, ufueren. D’Reiefolleg an där Dir dat maacht an d’Streck déi Dir wielt, ass Iech selwer iwwerlooss. Déi verschidde Kontrollpunkte funktionéiere vun 10:00 un bis 16:00. Wann Dir bei hinne stoe bleift, kritt Dir e Stempel an Är Kontrollkaart. D’Arrivée allerdéngs, ass tëschent 15:00 an 17:00 zu Stengefort um Vintage Cars & Bikes.

Matt der LOF-Télévie Rallyeplack hutt der Accès op de Site, dofir musst der d’Plack gutt siichtbar un ärem Gefier ubréngen.

Bei der Arrivée gëtt och en Accueil mat Presentatioun vun de Gefierer gemaach, dofir denkt w.e.g. drun e puer Wuert iwwert Äert Gefier op der Umeldung ze notéieren.

Wéi vill kascht et?

 25€ pro Gefier

Selbstverständlech däerft Der och méi spenden, den Erléis geet un d’Aktioun Télévie.

Wéi eng Gefierer däerfe matfueren?

Et ass en Oldtimer Tour, mä selbstverständlech sinn och eis Youngtimer häerzlech wëllkomm. Motorrieder, Autoen, Militärgefierer, Pompjeesween, Trakteren, Camionen, Camionnetten an aner Maschinnen, d’ganz Panoplie vun historesche Gefierer soll op d’Strooss!

Wéi mellen ech mech un?

Maacht einfach Ären Virement, fëllt bis spéitstens de 16.07.2023 den Aschreiwungs-formulaire hei ënnendrënner aus. Dir kënnt awer och de Formulaire (klickt hei) op der Récksäit ausfëllen an en u follgend Adress :  LOF (A.s.b.l.) à l’attention de Francis Diederich, 36 rue de Bourglinster, L-6112 Junglinster schécken oder op contact@lof.lu  e-mailen.

Spéitstens 3 Deeg virum Tour kritt Dir eng Rallyeplack  geschéckt.

Inscription LOF-Oldtimertour fir den Télévie 2023

Adresse(erforderlich)
IMPORTANT !!!

1) Aucune Inscription ne sera prise en compte sans virement préalable.

2) Le carnet de bord ainsi que la plaque de rallye vous parviendront au plus tard 3 jours avant le départ, sous condition de réception de du paiement.

4) Vous déclarez par la signature de cette inscription qu’il est bien entendu que vous participez au « LOF Oldtimertour fir den Télévie » à vos propres risques et périls avec un véhicule immatriculé selon les lois en vigueur et vous vous engagez à respecter scrupuleusement le code de la route.

Les recettes sont au bénéfice de l'action Télévie

Preis:
Vous avez la possibilité de faire un don supplémentaire qui sera entièrement versé au compte de l'action Télévie
Merci de transférer le montant total sur le compte de la LOF (A.s.b.l.)
IBAN LU40 0029 7373 0024 6400 BIC BILLLULL
Veuillez renseigner le numéro de la plaque d’immatriculation et LOF TELEVIE 2023 dans la communication du virement.
RGPD(erforderlich)
Dieses Feld dient zur Validierung und sollte nicht verändert werden.

Plus de news et événements

LOF-Oldtimer Tour fir den Télévie

LOF-Oldtimer Tour fir den Télévie Wat, wéini? No dräi Joer Paus ass et endlech nees esou weit, d’Lëtzebuerger ...
[ + ]

LOF Oldtimertour für den Télévie 05.08.23

Download: Anmeldung Download: Bordkarte   Die LOF Oldtimer Tour für die Télévie findet dieses Jahr am Samstag, den 05/08 statt, ...
[ + ]

Oldtimer Breakfast Save the dates

Immer am 3. Sonntagmorgen der Monate April bis Oktober 21 Mai : Go Kitchen - Weiswampach 18 Juni ...
[ + ]
1.AJ'85

Autojumble Geschichte

https://www.lof.lu/de/autojumble/geschichte-des-autojumbles/
[ + ]