LOF-Oldtimer Tour fir den Télévie
Wat, wéini?
No dräi Joer Paus ass et endlech nees esou weit, d’Lëtzebuerger Oldtimer Federatioun (A.s.b.l.) organiséiert de 5. August 2023 , hiren 13ten Oldtimer Tour fir den Télévie, mat Arrivée zu Stengefort um Vintage Cars & Bikes. (www.vintage-steinfort.lu)
Wou ass den Depart, d’Arrivée? Wéi fuere mer?
Genee wéi bei de viregten Editiounen, gëtt et kee gemeinsamen Depart a mer fueren och net an engem risege Cortège. Dir kënnt fortfuere wou Dir wëllt, eleng oder an enger méi oder manner grousser Grupp. Dir sollt just verschidde Kontrollpunkte, déi mer Iech nach matdeelen an déi uechter d’Land verdeelt sinn, ufueren. D’Reiefolleg an där Dir dat maacht an d’Streck déi Dir wielt, ass Iech selwer iwwerlooss. Déi verschidde Kontrollpunkte funktionéiere vun 10:00 un bis 16:00. Wann Dir bei hinne stoe bleift, kritt Dir e Stempel an Är Kontrollkaart. D’Arrivée allerdéngs, ass tëschent 15:00 an 17:00 zu Stengefort um Vintage Cars & Bikes.
Matt der LOF-Télévie Rallyeplack hutt der Accès op de Site, dofir musst der d’Plack gutt siichtbar un ärem Gefier ubréngen.
Bei der Arrivée gëtt och en Accueil mat Presentatioun vun de Gefierer gemaach, dofir denkt w.e.g. drun e puer Wuert iwwert Äert Gefier op der Umeldung ze notéieren.
Wéi vill kascht et?
25€ pro Gefier
Selbstverständlech däerft Der och méi spenden, den Erléis geet un d’Aktioun Télévie.
Wéi eng Gefierer däerfe matfueren?
Et ass en Oldtimer Tour, mä selbstverständlech sinn och eis Youngtimer häerzlech wëllkomm. Motorrieder, Autoen, Militärgefierer, Pompjeesween, Trakteren, Camionen, Camionnetten an aner Maschinnen, d’ganz Panoplie vun historesche Gefierer soll op d’Strooss!
Wéi mellen ech mech un?
Maacht einfach Ären Virement, fëllt bis spéitstens de 16.07.2023 den Aschreiwungs-formulaire hei ënnendrënner aus. Dir kënnt awer och de Formulaire (klickt hei) op der Récksäit ausfëllen an en u follgend Adress : LOF (A.s.b.l.) à l’attention de Francis Diederich, 36 rue de Bourglinster, L-6112 Junglinster schécken oder op contact@lof.lu e-mailen.
Spéitstens 3 Deeg virum Tour kritt Dir eng Rallyeplack geschéckt.